Generalversammlung

Den 30. Mäerz 2023 war d’Generalversammlung vum Joer 2022 an eisem Clubhaus. No der Begréissungsusprooch vum Präsident Claude Bertemes, huet Sekretärin Angelika Lux den Aktivitéitsbericht virgedroen, an de Tresorier Claude Bertemes de finanziellen Volet.

Ob der Austrëttslëscht vum Comité, stoungen de Claude BERTEMES an Angelika LUX. Néi Kandidaturen fir de Comité waren: BOVE-MAUSEN Carmen, KEUP Laurence, KOHNEN Fernand a SIMON Pierre. De Claude war beréed nach eng Kéier seng Kandidatur fir de Comité ze stellen. Leider hat eis laangjäreg Sekretärin schonn’s am Virfeld matgedeelt, dass hat net méi am Comité willt bleiwen. Eestëmmeg goufen dunn all d’Kanditaten an de Comité opgeholl.

Merci dem Angelika

De Claude huet am Numm vum Comité an de Memberen dem Angelika ee klenge Cadeau iwwerreecht an him Merci gesot fir déi vill Aarbecht déi hat an deenen leschten 22 Joer als Sekretärin am Club geleescht hat.

                                                       

retour à  la page d’accueil

Aucun commentaire publie sur l´article "Generalversammlung"