Retrospective 2017

  • 31 mars 2017

    Generalversammlung 2017

     

    Weiter im Aufwind mit guten sportlichen Erfolgen. Die Verantwortlichen des Tennis-clubs konnten in der Generalversammlung auf ein erfolgreiches sportliches Jahr zurückblicken. Bei den Interclub-Meisterschaften der Senioren waren eine Damen- und zwei Herrenmannschaften vertreten. Den Damen gelang der Aufstieg in die Nationaldivsion. Die Jugendmannschaft wurde bei den U14 Jährigen Landesmeister in ihrer Division.

       

    retour page d'accueil

    more
  • 25 mai 2017

    U14: 2. Plaaz an der Nationale III

    Eis U14 Jongenéquipe muss sech just der 2. Equipe vum TC Spora geschloen gin an daerf sech iwwer dei 2. Plaaz an der Nationale III freen.

       

    retour page d'accueil

    more
  • 25 mai 2017

    U18 enner den 4 beschten Equipen

     

    D'U18 Equipe vum Ëlwenter Tennis huet sech bei den Jongen fir d'Poule Champion an der Nationale 1 qualifizeiert. An deser Poule gett den Championstitel tëschent den 4 beschten Equipen ausgespillt. Top Leeschtung Jongen, mir sin stolz.

     

    retour page d'accueil

    more
  • 15 juillet 2017

    Dammenequipe an der Nationale I

     

    Mat enger souveräner 6-1 Matchbilanz han eis Elwenter Damen d'lescht Saison den Opstieg an d’Batiself League realiseiert! Ziel firaan der Saison 2016 wor sich an der Nationale II ze haalen, dofir haat keen mat deem gruussen Erfollig a mam Opstieg gerechent. Emsou mi gruuss wor d‘Euphorie fir des Saison kannen als Eislecker Veräin an der hechster Divisioun aanzetrëdden. Och wann et leider net duer gaang ass fir d'Divisioun ze haalen gratuleiren mer trotzdem fir dei top Leeschtung an soen Merci dat mer hun dierften Tennis um hëchsten Niveau bestaunen.

     

    retour page d'accueil

    more
  • 15 juillet 2017

    Haerenequipe: Den Opstieg ass perfekt

    Dei eischt Equipe konnt des Saison wei erwuard den Opstieg kloer maachen. D’Entscheedung em den Championstitel ass dobei eréischt am allerleschten Match géint den TC Schuttrange gefall, wou mer eis mat 6-1 duerchgesaat hun. Dest Joër huet eis bewissen dat mer definitiv kennen elo schon op eis Jugend bauen. (3 Spiller aus der U18 sin dest Joër zum Asaatz komm).

     

    retour page d'accueil

    more
  • 5 septembre 2017

    Tennis goes Bubblefoot

     

    Och dest Joër hun d'Jeunesse Beesslek & Jeunesse Kiirchen op d' Bubble-Football Turnéier invitéiert. Leider war fir d'Equipe vum Tennis an der Véirelsfinal Schluss. Spass huet dat ganzt trotzdem gemach.

    retour page d'accueil

    more
  • 2 décembre 2017

    Sportlereihrung 2017

      Bei der desjähreger Sportleréihrung gouffen eis zwou Härenequipen fir dei 2 Championstitelen vun desem Joër geéiert. Dei eischt Equipe konnt des Saison wei erwuard den Opstieg kloer maachen. D'Entscheedung em den Championstitel ass dobei eréischt am allerleschten Match géint den TC Schuttrange gefall, wou mer eis hun kennen mat 6-1 duerchsetzen. Dest Joër huet eis bewissen dat mer definitiv kennen elo schon op eis Jugend bauen. (3 U18 Spiller sin dest Joër zum Asaatz komm). Fir d'naechst Saison sin mer dofir zouversichtlech dat mer kennen een gudd Resultat an der N3 maachen an dat laangfristeg Ziel ass definitiv den Opstieg an d'Eirepromotioun. Eis zweet Haerenequipe ass dest Joër ongeschloen bliwwen (1 Remis an 6 Victoiren) an konnt sech sou och dei eischt Plaaz virun der Equipe vun Junglinster secheren. An der Equipe ass vill roteiert gin an sou sin insgesamt 11 Spiller hei zum Asaatz komm.  

    retour page d'accueil

    more
  • 3 décembre 2017

    Haerenequipe an der Veirelsfinal vun der Coupe FLT

     

    No laangem Kampf setzt sech eis Haerenequipe geint den TC Sandweiler duerch an steet fir d'eischten Keier an der Veirelsfinal vun der Coupe FLT an ënner den leschten 8. Leider ass et an der Véirelsfinal net ganz duer gaang an mir hun eis missen dem TC Bonnevoie geschloen gin.

    retour page d'accueil

    more

ajax-loader-gif