Optakt vum eischten FLT Masters

Fir d’Equipe ronderëm den FLT-President Claude Lamberty, ass den FLT-Masters e wichtege Punkt an hirem Programm gewiescht, wéi se ugetrueden sinn, fir de nationalen Tennis no fir ze bréngen. Domadder wëll een, datt déi gutt Lëtzebuerger Spiller nach méi um nationale Circuit present sinn. Hei sollen déi 8 beschte Lëtzebuerger Spillerinnen a Spiller ëm de Champion vun de Champione spillen.

D’Resonanz war dat ganzt Joer iwwer grouss bei de Lëtzebuerger Tennisspillerinnen a Spiller an et war staark emkämpft, fir déi 8 Plazen ze besetzen. De Mike Scheidweiler z.B. ass net qualifizéiert, well hien net ënnert den 8 Beschte war.

Et gëtt fir d’Spillerinnen an d’Spiller och finanziellen Attrait. Den Tournoi ass mat 10.000 Euro, Simpel an Doubel zesummegerechent, dotéiert. Dat, wëll een d’Leeschtung vun de Spiller dat ganz Joer iwwer wëll belounen. Meeschtens sinn dat hei nämlech jonk Talenter, déi déi Sue gutt fir hir zukünfteg Carrière kënne gebrauchen.

Am Ufank ginn et 2 Gruppen. Am roude Grupp sinn den Alex Knaff, de Raphael Calzi, den Tom Diederich an de Robi Tholl. Am Bloen trieden de Gilles Kremer, de Laurent Bram, de Christophe Tholl an den Christian Schleck géinteneen un.

Bei den Dammen sinn am giele Grupp d’Claudine Schaul, d’Jo Weisen, d’Danielle Weydert an d’Merima Mujasevic. Am wäisse Grupp stinn d’Eleonora Molinaro, d’Sharon Pesch, d’Tatiana Silbereisen an d’Lara Dimmer.

Déi 2 Bescht aus all Grupp kommen an d’Halleffinalen. D’Final vun den Hären ass dann e Sonndeg um 14.30 Auer. Duerno spillen d’Dammen, an do hannendrun sinn et dann d’Dubbelsfinallen.

Aucun commentaire publie sur l´article "Optakt vum eischten FLT Masters"


    Reactions et commentaires?