U14 + U18: Exzellent Resultater

Den Ëlwenter Tennis ass houffreg op seng Spiller, dei dest Joër exzellent Resultater opweisen kennen. D’U14 Equipe dierf sech Champion vun der Nationale II (fréier Eirepromotioun) nennen an konnt sech géint Equipen wei Gasperich, Belvaux, Howald II, an d’Spora II duerchsetzen. Nodeems den eischten Match géint den Howald nach knapp verluer goung, hun eis Jongen den Rescht vun hiren Rencontren alleguer gewonn. Um leschten Spilldaag hun se mat enger 7-0 Victoire géint Spora II alles kloer gemach, an sin verdingt Champion gin.

D’U18 vum Elwënter Tennis konnt sech dei 3. Plaaz an der Eirepromotioun sëcheren, virun dem TC Nordstad, dem TC Arquebusiers II an dem TC Schifflange. Um Enn hun sie sech just missen dem TC Bonnevoie II an dem TC Remich geschloen gin. Des Leeschtung ass emsou mei heisch anzeschätzen well d’U18, par rapport zu der leschter Saison, op 4 wichteg Spiller huet missen verzichten.

Dat een Club wei Ëlwen op deem Niveau matspillen kann, ass op keen Fall selbstverständlech mais d’Resultat vun enger exellenter Jungendaarbescht an engem motiveierten Trainerteam. Merci och nach enkeier eisen Sponsoren fir hir Ënnerstetzung.

 

 

 

 

Aucun commentaire publie sur l´article "U14 + U18: Exzellent Resultater"


    Reactions et commentaires?